Eise VeräinPhoto/VideoArchivComité

Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg



Den Theaterveräin Fëschbech – Schous - Angsbreg ass den 11. Mäerz 1964 vun der Fëschber a Schéisser Jugend gegrënnt ginn.

Bei Theateropféierungen gouf et och ëmmer eng Tombola. Wann em Chrëschtdag gespillt ginn ass, da war de Gewënn aus der Tombola een Aascht vum Chrëschtbeemchen natierlech samt Dekoratioun. No dem Theater gouf et Danzmusek mat Ochester oder et ‚gouf op Plakke gedanzt‘ wéi dat geheescht huet.

Och an der Ufankszäit vum Veräin goufen Ausflich gemaach, sou zum Beispill op Heidelberg, Brunnen oder Chamonix.

Och wann de Wiirt am Café ‚Le Sanglier‘ zu Fëschbech alt emol geännert huet, d’Theaterowender waren iwwer Joeren e feste Bestanddeel vum Fëschber Veräinsliewen.

Mam Veräinshaus op der Héicht, huet eng nei Episode fir den Theaterveräin ugefaangen. Hei huet de Veräin e schéine Sall mat enger grousser Bühn a moderner Technik zur Verfügung.

Hei e puer Theaterstécker, déi de Veräin schonns opgefouert huet:

1964D’Madame ass jalous
1970Mir spären zou, dann ass keen do
1982D’Mumm Séiss
1993Geld regéiert d’Welt
2006De schéine Poli
20112 Häerzer fir 1 Taxi
2016Wien ass dann elo Braut?